Google Plus
LinkedIn

Thierry Nothum iwwer d'Chrëschtgeschäft zu Lëtzebuerg

lundi, 28 novembre 2016

Invité vun der Redaktioun e Méinden de Moien ëm 10 op 8 war den Thierry Nothum, den Direkter vun der confédératioun luxembourgeoise du commerce.

D'Konkurrenz vun de grouss Surfacen, Filiale vu grousse Marken, an natierlech den Internet: Dat sinn 3 Defie fir de Lëtzebuerger Handel, wéi den Thiery Nothum, Direkter vun der Handelskonfederatioun, e Méinde de Mueren am RTL-Interview erkläert huet.

D'Digitaliséierung bréngt awer och vill Chancë mat sech, wann ee prett ass fir mat op dee Wee ze goen. Et gëtt ëmmer e Wandel am Handel, sou den Invité vun der Redaktioun weider. Den Thierry Nothum gesäit awer och eng Chance fir déi kleng Betriber, wa se sech spezialiséieren, a besonnesch op dat tëschemënschlecht, also Service um Client setzen.

Den Direkter vun der Confederatioun de Commerce Thierry Nothum, hält am Abrëll, no 22 Joer bei der clc op.

  • Google Plus
    LinkedIn