17.05.2022

[Webinar] Hëllefsrégime fir Opluedinfrastruktur

A sengem Nationalen Energie- a Klimaplang gesäit Lëtzebuerg vir, dat bis 2030 49% vun den ugemellten Autoen elektresch oder Plug-In Hybride bedriwwe ginn.

Am Juli 2020 gouf ee Subsideprogramme fir Luedinfrastrukture fir Privatleit etabléiert. Dësen ëmfaasst d’Primme “Clever fueren” fir de Kaf vun engem Elektroauto ze encouragéieren a “Clever lueden” fir d’Ënnerstëtzung  bei der Installatioun vu private Luedstatiounen.

Fir dësen Dispositif z’ergänzen, preparéiert d’Regierung d’Aféierung vun engem neien Aidenrégime zu Gonschte vun Entreprisen déi a Luedinfrastrukture fir elektresch Gefierer investéieren.

Zwou verschidden Hëllefe sinn hei virgesinn:

– eng Hëllef fir Entreprisen, déi iwwert eng „Procédure de mise en concurrence“ (Ausschreiwung) verdeelt gëtt: dës Hëllef soll grouss Projeten, a besonnesch ëffentlech zougänglech Luedinfrastrukturen ënnerstëtzten, fir den Ausbau vun engem méi grousse Reseau vu Luedstatiounen ze beschleunegen an d’Luedleeschtung hei zu Lëtzebuerg ze verstäerken;

– eng fir kleng a mëttelstänneg Entreprisen (PME) reservéiert Hëllef, mam Zil, dës ze motivéieren am Kader vun hire wirtschaftlechen Aktivitéiten hier eegen Transitioun hin zu der Elektromobilitéit ëmzesetzen.

Op Initiativ vum Wirtschaftsministère a vum Ministère fir Energie a Landesplanung, mat der Ënnerstëtzung vu Luxinnovation a Klima-Agence, gëtt dësen Informatiounswebinar proposéiert fir d’Detailer vun dësem neien Dispositif, esou wéi d’Virdeeler, déi d’Entreprise vun dësem Land dorausser zéie kënnen, ze präsentéieren.

 

Consultez tous les événements proposés par la clc en cliquant ici.

17. Mee 2022

10:30 - 12:00
17. Mee 2022

10:30 - 12:00
Inscription