RTL: „D’Summersolden hunn ugefaangen“
Hutt Dir da schonn dëst Joer eng gutt Affär gemaach an de Solden, oder sidd Dir éiere nach e bëssen zeréckhalend fir an de Buttek ze goen? Leschte Samschdeg hunn d’Summersolden ugefaangen. Wéi zefridde sinn d’Commerçanten bis elo nom éischte Weekend?
Wéini dass d’Solden sinn ass kloer definéiert. D’Confédération luxembourgeoise du commerce betount, dass dat duerch e Réglement grand-ducal geregelt gëtt.
De Claude Bizjak, Directeur adjoint en charge fir de Commerce bei der clc:
„Wou mir dann och natierlech eisen Avis eraginn an déi ginn dann och normalerweis op deenen Date gemaach wou mer ufroen. Firwat Solden? Wou kënnt dat amfong hir? U sech war fréier d’vente à perte net autoriséiert. Du hunn eben d’Commercen wann déi nei Kollektiounen erakomm sinn, dann hu se just dierfen während där Periode wierklech massiv d’Präisser erofsetzen, och à perte verkafen, fir se da Geld hu fir déi nei Kollektiounen ze kafen.“
Haut ass d’Vente à perte autoriséiert. Dat koum ënnert anerem duerch den Online-Handel, well déi ëmmer hunn dierfe schonn à perte verkafen. D’Solden bleiwen awer an de Gewunnechte vun de Leit. Dëst Joer sinn d’Solden méi lues ugelaf wéi soss déi Joren.
Den Artikel liesen
