07.07.2021

[Webinar] (LU)Wéi erreecht Dir datt Är Prospektiouns-E-Mailen an Är Email-Campagnen ukommen an och opgemaach ginn?

Wéi erreecht Dir datt Är Prospektiouns-E-Mailen an Är Email-Campagnen ukommen an och opgemaach ginn?

7. Juli vun 9:30 bis 10:30 Auer

Dir wënscht Iech datt Är Prospektiouns-E-Mailen an Är Email-Campagnen:

► Vun den Destinatären empfaange ginn?

► Datt Si se gäre liesen

► Datt d’Lecture eng Reaktioun bei hinnen ausléist.

 

Wéi Dir wësst geet et leider net duer datt een op den „Send“-Knäppchen dréckt vir dass dës Punkten sech erfëllen.

D’E-Mailen an Campagnen funktionéieren no enger Rëtsch techneschen, reglementairen an redaktionellen Reegelen un déi een sech sollt hale fir datt Dir keng Zäit oder Suen verléiert respektiv Dir net als Spammer duergestallt gitt wat dauerhaft ärem Ruff kéint schueden.

D’Ziel vun dësem Seminaire ass et fir einfach Techniken ze presentéieren, dank deenen Är E-Mailen hier Destinatioun erreechen esou wéi och fir Tuyauen ze gi fir d’Effizienz vun Ären Email-Campagnen an Prospektiouns-E-Mailen ze verbesseren.

Resumé:

1 – Rappell 1: d’Grondlage vun der E-Mail.

2 – Rappell 2: déi kommerziell Wichtegkeet vun E-Mailen.

3 – Wat ass d’Liwwerbarkeet vun engem Message?

4 – Wat sinn d’Faktoren déi d’Liwwerbarkeet beaflossen a wéi kann een des verbesseren?

6 – Wéi stimuléiert Dir d’Leit dozou eng Email opzemaachen?

7 – Wéi strukturéiert Dir Är Messagen fir eng Reaktioun beim Empfänger auszeléisen?

► Allgemeng Praktiken déi een sollt uwenden

► Beispiller fir Prospektiouns-E-Mailen

► Fallstudie: E-Mail Campagne;

8 – Froen an Äntwerten

 

Dëse Webinar gëtt moderéiert vum Tom Keipes, CEO vun der Webagence Done S.à.r.l, Member vun der Federatioun eCOM – Digital Business.

 

 

Dëse Webinar gëtt an Zesummenaarbecht mam Done, Member vun der clc, organiséiert.

Webinar exklusiv fir clc Memberen reservéiert.
Dëse Webinar gëtt an Zesummenaarbecht mam Done, Member vun der clc, organiséiert.

Webinar exklusiv fir clc Memberen reservéiert.
Registrierung