02.06.2020

“Et gi laang Méint”

Ee vun de Secteuren dee massiv vun der Coronakris getraff gouf, ass dee vum Evenementiel. Well Eenegkeet staark mëscht, hunn d’Acteuren elo d’Associatioun LEA gegrënnt – iwwer dee Wee kann een op Problemer an – an no der Kris opmierksam maachen.

D’Veronsécherung am Secteur wier grouss: “Mir wëssen net, wéini a wéi et weider geet”, seet de Charles Schroeder, de President vun der Associatioun LEA. Hei hu sech elo d’Firmen aus dem Evenementiel regroupéiert. LEA seet, dass zu Lëtzebuerg 120 Entreprisen am Beräich schaffen. Si géifen eng 3.000 Leit regroupéieren.

“Éischt Evenementer goufe schonn am Februar ofgesot”, erzielt de Charles Schroeder. Et géif een elo op eng Reprise am September hoffen, sécher wier aktuell awer nach näischt. “Et gi laang Méint, wann een herno 6 oder 9 Méint keng Recetten huet”, sou de President vun LEA. Wuel wieren déi staatlech Hëllefen net schlecht, si kéinten natierlech awer a kengem Fall de Verdéngschtausfall kompenséieren.

Sech nei erfannen

De Secteur misst elo verstoen, wéi Evenementer an der Zukunft organiséiert ginn. De virtuelle Beräich géif do nei Piste liwweren. Fir de Charles Schroeder ass awer kloer, datt dat ni wäert d’Zesummekomme vun de Mënschen ersetzen. Hien hofft dowéinst, datt grouss Manifestatioune geschwënn erëm méiglech sinn.

 

Foto: Corinne Jamet

 

Lauschtert de ganzen Interview vum Sophie Morang mam Charles Schroeder