déi nei Offallgesetzer

RTL „CLC a Grosbusch kritiséieren déi nei Offallgesetzer“

„Et si Mesuren, déi vill Geld wäerte kaschten an héchstwarscheinlech op ekologeschem Niveau net vill bréngen.“

Dat kritiséiert d’CLC am Kontext vum Vott e Mëttwoch an der Chamber vu 5 Gesetzer, déi d’Vermeide vun Offall am Viséier hunn. Souwuel d’CLC wéi och d’Federatioun vun der Alimentatioun an der Distributioun kritiséieren déi legislativ Texter awer ferm. Am RTL-Interview huet de Gerant vun der Firma Grosbusch ënnert anerem erkläert, wisou de Verbuet, fir frëscht Uebst a Geméis ënnert engem Gewiicht vun annerhallwem Kilo anzepaken, net just vu Virdeel wäert sinn.

D’Liewensdauer vun engem Concomber, déi am Plastik agepaakt ass, ass 4-5 Deeg méi laang. Do kann ee sech froen, ob een déi hëlt, déi am Plastik agepaakt ass, déi sech méi laang hält an domat de Food-waste och minimiséiert gëtt oder ob een op déi méi ekologesch Schinn geet als Supermarché a riskéiert, no 2-3 Deeg se net verkaf ze hunn an ewechzegeheien.„, esou de Goy Grosbusch.

Hei géif versicht ginn, eppes Separates fir de Lëtzebuerger Marché ze maachen, amplaz sech zum Beispill un d’Gesetzgebung aus Frankräich drunzehänken, bedauert iwwerdeems de Gerant vun der Firma Grosbusch.

Frankräich wier de gréisste Produzent a Consommateur vun Uebst a Geméis an Europa an dofir an den Ae vum Goy Grosbusch e gudden Unhaltspunkt.

 

Vu(m) Claudia Kollwelter (Radio), Serge Pauly (Télé)

Klicken SIe hier, um den vollständigen Artikel zu lesen und die Reportage anzuschauen.

Die clc in der Presse.

Gréng schwätze vu Revolutioun, CLC spuert net u Kritik

RTL „Gréng schwätze vu Revolutioun, CLC spuert net u Kritik“

E Mëttwoch gëtt an der Chamber e Pak vu fënnef Gesetzer gestëmmt, déi d’Vermeide vun Offall am Viséier hunn.

Déi Gréng schwätzen an engem Communiqué vun enger Revolutioun am Ëmgang mat de Ressourcen, well an Zukunft solle Staat, Gemengen, d’Butteker an d’Acteure vun der Offall-Gestioun responsabiliséiert ginn. De Motto heescht: Raus aus der „Ewechpuch-Wirtschaft“, eran an d’Kreeslaf-Ekonomie.

Dës legislativ Texter sinn awer net onëmstridden: d’CLC zesumme mat der Federatioun vun der Alimentatioun an der Distributioun (FLAD), wouranner quasi all Supermarchéschaînë vertruede sinn, spuert net mat Kritik. Wéi et heescht, géifen déi nei Dispositioune keng reell ekologesch Plus-Value bréngen, och wier de Secteur net vun den zoustännege grénge Ministere consultéiert ginn.

Viséiert ass d’Verhënnere vu Verpackunge respektiv de Recyclage dovunne. Lëtzebuerg géif sech Gesetzer ginn, déi iwwert déi europäesch Offall-Bestëmmunge géifen erausgoen: dës Lëtzebuerger „Extravaganz“ géif de Verbraucher eng deier ginn, heescht et vun der CLC an der FLAD.D’Patronats-Vertriedunge soen, datt d’Gesetzer inkoherent an absolut net dem Lëtzebuerger Ökosystem ugepasst wieren.

Fir dëst z’illustréieren, ginn dräi nei Mesuren opgezielt, déi an der Kritik stinn: d’Schafe vu 45 Recycling-Zentren a gréissere Supermarchéen, de Verbuetk fir frëscht Uebst a Geméis ënnert engem Gewiicht vun annerhallwem Kilo an ze paken an d’Aféiere vun enger Consigne op all Gedrénks.De François Benoy ass iwwermuer iwwerdeem de Rapporter vun de kritiséierten Offall-Gesetzesprojeten.

 

 

Vu(m) Roy Grotz (Radio)

 

Zur RTL-Webseite

clc in der Presse

Waste bills package to be voted on Wednesday

Delano „Waste bills package to be voted on Wednesday“

A series of five waste management draft laws is set to be debated and voted on in parliament on Wednesday 27 April, attracting Luxembourg’s trade confederation’s criticism.

Draft laws 7654, 7656, 7659, 7699 and 7701–if voted in–will heavily change the fabric of many businesses, with the production and management of packaging (7654), plastics (7656), waste (7659), batteries and accumulators (7699), and electronic equipment waste (7701) aiming to overhaul the waste management system.

While the package’s rapporteur François Benoy (Déi Gréng) defends the bills–he had previously argued that even recycling systems like Valorlux encourage waste production–the trade confederation (CLC) and food distribution federation (FLAD) on 25 April published an open letter criticising the project. Bringing up the current energy crisis and raw material shortages the industry is impacted by, they state that “the sector was not consulted before the bills were introduced”, and argues that though amendments to the bills were made after they were deposited, the package would impact the sector and not further improve the waste issue.

 

Written by Tracy Heindrichs

Photo: Christophe Lemaire/Maison Moderne

Den vollständigen Artikel lesen.

Die clc in der Presse.

 

clc: Fir oder géint den Index, d'Diskussioun bréngt guer näischt

RTL.lu : „CLC: Fir oder géint den Index, d’Diskussioun bréngt guer näischt“

E Méindeg de Moie war den Direkter vun der Handelskonfederatioun eisen Invité vun der Redaktioun.

Am Zesummenhang mat der Inflatioun fuerdert d’Handelskonfederatioun CLC éischter Steierreduktiounen ewéi fundamental Ännerungen um Index. Den Direkter vun der CLC, den Tom Baumert, sot de Méindeg de Moien hei op RTL zwar, datt 2 oder 3 Indextranchë bannent 12 Méint „e ganz haart Stéck“ fir d’Betriber hei am Land wieren, besonnesch fir déi, déi international aktiv sinn. Mat Diskussiounen iwwert en nohaltege Wuerekuerf (*) oder iwwert e gedeckelten Index (**) géing ee sech a sengen Ae „verhedderen“.

(*de Wuerekuerf determinéiert, wéini definéiert Produiten eng indexéiert Upassung vun de Gehälter ausléisen, nvdr)
(**amplaz automatesch Upassunge vun 2,5% fir all d’Gehälter ginn et Iwwerleeungen, fir d’Upassungen op verschidden Aart a Weisen ze limitéieren, nvdr)

Vun der Tripartite, déi d’Regierung nach fir dëse Mount aberuff huet, erwaart sech den Tom Baumert awer kloer, datt iwwert eng Modulatioun ewéi 2012 diskutéiert wäert ginn, bei där den Index op eng Tranche maximal bannent 12 Méint limitéiert gi war. Dem CLC-Direkter no kéint virun allem eng Reduktioun vun den Taxen um Sprit wuel de Betriber kuerzfristeg hëllefen, e bësse vun hirer Rentabilitéit zeréckzekréien. Den Tom Baumert huet och d’Optioun vu garantéierte Prêten erwäänt fir déi Betriber, deenen et wéinst den deiere Spritpräisser u Cash feelt.

 

Vu(m) François Aulner

Lesen Sie den ganzen Artikel hier.

Energiepräisser

RTL.lu: „Héich Energiepräisser an der Chamber: de Bierger soll séier gehollef ginn, d’Fro ass just, wéi séier?“

Héich Energiepräisser an der Chamber

Hätten déi eng Parteie an de Secteur gären direkt Léisungsvirschléi gehat, wëllen anerer emol d’Tripartite ofwaarden an net iwwer schnell reagéieren.

D’Situatioun wier dramatesch, doriwwer war ee sech an der Chamber eens, wéi et ëm d’Hausse vun den Energiepräisser goung. Doriwwer wéini allerdéngs konkret Mesurë kommen, do sinn d’Meenungen dann awer wäit ausernee gaangen an et ass zum Deel méi haart ginn an der Plenière.

D’Instrument vun der Tripartite ass genee dat wat mer elo brauchen, dat huet d’Vizepremierministesch Paulette Lenert an der Chamber betount, wou et ëm d’Hausse vun den Energiepräisser goung. D’Kris an där mer sinn, betrëfft d’Betriber an d’Bierger. Et ass eng Kris, wou all Acteur Interessi drun huet, fir zesumme séier an effikass Léisungen ze fannen. De Lëtzebuerger Erfollegsmodell a Form vum Sozialdialog ass matten an enger Kris gebuer ginn. An zesumme mat de Sozialpartner huet d’Politik et nach ëmmer fäerdeg bruecht, am Land de Wuelstand ofzesécheren an de soziale Fridden ze garantéieren. Dat ass och dës Kéier eist d’Zil. Dofir wieren och keng Mesuren annoncéiert ginn, huet d’Paulette Lenert ënnerstrach.

Oppositioun enttäuscht, datt keng weider Annoncë koumen

D’Majoritéit stoung hannert der Annonce vun der Vizepremierministesch Paulette Lenert. D’Oppositioun huet sech allerdéngs Annoncen erwaart gehat, wéi den CSV-Deputéierte Michel Wolter seet. Madame Lenert. Ech wëll iech net ze no trieden, mä Dir hutt iwwerhaapt näischt gesot. Et konnt keen Oppositiounspolitiker dorop reagéieren, well net eng eenzeg konkret Propositioun vun der Regierung oder Majoritéit komm.

Vu sengem Parteikolleeg Gilles Roth koumen dann och eng Partie Fuerderungen. Eng zäitlech begrenzte Präisbrems um Sprit um Heizungsmasutt an och um Gas. Auto fueren an doheem setzen ass an deem räichen Lëtzebuerg kee Luxus, mä eng Noutwendegkeet. Zweetens: All Euro méi fir de Staat un Taxen an TVA duerch Energiepräisshaussen zanter dem 1. Januar 2022 muss fir eis direkt an integral un d’Leit zréckbezuelt ginn. Et kann net sinn, datt de Staat sech dorops selwer beräichert.   

De gréngen Deputéierte François Benoy huet betount, datt elo net iwwer schnell reagéiert dierft ginn. Mä mir musse Suen do investéieren, wou se gebraucht ginn, sozial gerecht Mesuren. Mesuren, déi konform zu eiser Klimaschutzpolitik sinn an eis Onofhängegkeet an Zukunft weider stäerkt.

D’Regierung hätt d’Urgence net erkannt, huet den ADR-Deputéierte Fred Keup gemengt. A gréng géif a senge Aen nu mol deier ginn. Dat huet fir méi hëtzeg Diskussioune mat der grénger Deputéiert Stephanie Empain gefouert.

Och d‘Piraten an déi Lénk hunn ënnerstrach, datt de Leit elo ganz séier misst gehollef an net ze laang gewaart dierft ginn.

 

 

(Vu(m) Claudia Kollwelter, Pierre Jans, Lynn Cruchten)

Lesen Sie den vollständigen Artikel hier.

 

 

Contacto soldes

Contacto „Saldos no Luxemburgo, proibições em Portugal“

Começou a época dos saldos de inverno. Pelo menos para alguns países. No Luxemburgo, os descontos iniciaram na segunda-feira e prolongam-se até 29 de janeiro. Em Portugal, estão proibidos desde o Natal até dia 9, por culpa da pandemia. Associações portuguesas criticam a medida, o comércio no Grão-Ducado respira de alívio.

 

 

Lesen Sie den vollständigen Artikel hier.

Mehr über die clc in der Presse

RTL.lu – „Ouni staatlech Hëllefe packe mer et net“ (LU)

En Dënschdeg de Moie war de President vun de Lëtzebuerger Reesagencen, Fernand Heinisch, eisen Invité vun der Redaktioun.

Der Reesbranche geet et net gutt wéinst der Corona-Kris. Minus 50 Prozent am klassesche Reesbürosgeschäft am Verglach mat 2019 a minus 80 Prozent bei Croisièren a Geschäftsreesen. Dat sot de Fernand Heinisch, de President vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Reesagencen, den Dënschdeg de Moien am RTL-Interview. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.

Besonnesch déi wäit Reesen an d’Croisièrë wieren ewechgefall an dat deet speziell wéi. Et géif een awer positiv bleiwen, och wann d’Projektioune fir dat nächst Joer nach ëmmer vu Perten ausginn. 2023, sou gëtt gehofft, wier een dann awer nees um Niveau vu virun der Pandemie.

Bis ewell hätten awer keng Rees-Agencë missen zoumaachen, just eenzel Büroen, déi zu enger grousser Chaîne gehéieren. Dat wier de staatlechen Hëllefen ze verdanken. Ouni Aidë géif een et net packen, déi finanziell Pertë wäre kaum ze droen. Et bräicht een dräi bis fënnef Joer, fir dat nees opzeschaffen. De Fernand Heinisch hofft, datt d’Aide bis Enn des Joers an och nach bis den nächste Juni verlängert ginn, soss géif et dramatesch ginn.

Nohaltegkeet war den Dënschdeg de Moien och e Sujet. Do sot de Fernand Heinisch, datt Reese méi ëmweltfrëndlech maachen, dauere géif. D’Hotelle wäre schonn zimmlech wäit, fir klimafrëndlech oder CO2-frëndlech ze ginn. Dat éischt Floss-Croisièresschëff wär elo um Maart, dat hybrid fiert. D’Airline géife versichen, méi nohalteg ze ginn. Mä dat géif alles nach Zäit brauchen. Op fräiwëlleger Basis géif kaum ee kompenséieren.

 

Lesen Sie den vollständigen Artikel hier.

Baupreise 2021

CONNECT by clc: „Stärkste Steigerung vom Baupreisindex seit 1992“

IMMOBILIEN

Laut STATEC ist der Baupreisindex zwischen Oktober 2020 und April 2021 um 4,3% gestiegen. Dabei geht es um die stärkste Halbjahr-Steigerung seit April 1992. Der Grund für diesen außergewöhnlichen Anstieg liegt vor allem im plötzlichen Preisanstieg von Baumaterialien aber auch in höheren Transportkosten.

Diese Steigerung der Baupreise könnte beim Kauf oder der Vermietung von zukünftigen Immobilien gespürt werden.

 

Hier finden Sie die letzte Ausgabe des CONNECT by clc

RTL.lu – Kritik um Offall- a Verpakungsgesetz (LU)

Net Zil-féierend a kontraproduktiv fënnt d’Handelskonfederatioun CLC Deeler vun de Gesetzprojeten, fir d’Verpakungen an den Offall ze reduzéieren.

Méi Recyclage, manner Verpakungsoffall. Dat viséiert d’Ëmweltministesch mat neie Gesetzesprojeten, déi méi ambitiéis sinn wéi dat wat d’EU virschreift: Zum Beispill solle klenger Quantitéiten Uebst a Geméis vun 2023 un net méi verpaakt verkaf ginn. D’Emballagen vu frësche Produiten hannert der Théik wäerte kaschten.  „dissuasiv“ also ofschreckend sollen dës Präisser sinn. Domadder géif een de Client zum Kaf vu virverpaakte Produiten an de Rayone verleeden, kritiséiert de Claude Bizjak, Directeur adjoint vun der CLC. Fir dës Produite wier nämlech keen Oppräis virgesinn. Lokal Produiten iwwerdeems, déi een dacks hannert der Théik fënnt, kéinten doduerch manner gefrot ginn.

Géif de Ministère um sougenannte Prix dissuasif op de Verpakungen hannert der Théik festhalen, fuerdert d’CLC, datt d’Regierung eng Tax aféiert an esou d’Verantwortung iwwerhëlt.

D’Handelskonfederatioun stéiert sech och drun, datt frësch Uebst a Geméis ënner annerhallwem Kilo net méi dierf verpaakt verkaf ginn. An de Verpackunge géifen d’Wuere sech mi laang halen. Liewensmëttelverschwendung wier virprogramméiert.

Kritik gëtt et och drun, datt Supermarchéen iwwer 400m2 an Zukunft eng eege Sammelstell fir Emballagë mussen hunn, déi iwwer 1500m2 souguer en eegene Recyclingcenter. Dat géif 11 Milliounen Euro zousätzlech Käschte verursaachen. Wou d’Commercë souwisou scho fir de Recycling bezuelen an d’Haus zu Haus-Collecte vum bloe Sak fir 87% vun de Leit di optimal Léisung duerstellt. Et géif zu enger Iwwer-Offer vu Recycling kommen.

Mat dëse Gesetzesprojeten, déi méi ambitiéis wéi d’EU-Directive sinn, géif d’Ëmweltministesch fir Lëtzebuerg eege Spillreegelen opstellen. Dat kéint Repercussiounen op d’Präisser hunn, géif d’Kompetitivitéit vun de Commercen a Gefor bréngen mam Risk, datt et mol guer net zu Verbesserungen, mä souguer zu Verschlechterunge vun der Kreeslafwirtschaft kéim.

An de leschten Deeg ass den Ëmweltministère op eenzelen Punkten zréckgeruddert. Geschniddent Uebst a Geméis ënner annerhallwem Kilo dierf elo awer verpaakt verkaf ginn.

D’Handelskonfederatioun bedauert, datt si net am Virfeld an d’Ausschaffe vun de Gesetzesprojeten agebonne gouf. An hiren A sollt elo einfach mol déi aktuell EU-Direktiv ëmgesat ginn. Zesumme kéint een dann en zilféierende Projet fir déi nächst ausschaffen. Déi wär och schonn an den nächste Jore fälleg.

Lesen Sie den vollständigen Artikel hier.